Aktualiséiert den
Erhéijung vun de Pensiounen ab dem 1. Januar 2026
Vum 1. Januar 2026 un klammen d'Pensiounen ëm 1,5%
Am Aklang mat den Dispositioune vum Artikel 225bis vum Code de la sécurité sociale iwwert d’Pensiounsversécherung iwwerpréift d’Regierung all Joer, op Basis vun enger Analys vun der Entwécklung vum duerchschnëttleche beitragsflichtege Salaire, déi vun der Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) duerchgefouert gëtt, ob eng Upassung vun de lafende Pensiounen noutwenneg ass.
Geméiss Artikel 225 vum Code de la sécurité sociale, läit de Revaloriséierungsfaktor fir d’Joer 2024 bei 1,619, wat, vum 1. Januar 2026 un, zu enger Erhéijung vun de Pensiounen ëm 1,5 % féiert.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet